Moies ass et ganz freih zu Karlsruhe aus den Fiederen gaangen. Nudelen iessen um 4 Auer an der Nuecht ass iwregens net jidderem senges. Fir déi iwert 200km déi nach bevirstin ze iwerstoen, muss daat awer sin! Leider get et keng Foto vum Gesichtsausdrock vum RTL-Kameramann wéi hien en Teller Nuddeln ungebueden kruut.
Klicken fir d'Bild ze vergréisseren
Den sportlechen Programm vum Daag: eng Velosstreck iwert 200 Kilometer vun Karlsruhe op Letzebuerg. Den Profil léisst erkennen datt et net flach ass, laut Héichtenmiesser kommen kumuléiert em déi 2.000 Héichtenmeter zesummen. Als Verglech: eemol den 21 km laangen Mont Ventoux eropfueren bis un d'Spetzt (1920m) entsprecht ca. 1.600 Héichtenmeter. Den Parcours ass an fennef Deeletappen gefuer gin (Stoppschelder um Enn vun all Deeletapp), esou datt Velosfuerer konnten ausgetosch gin. Daat laescht Stoppscheld ass op der Héicht vun der Musel. E puer Cyclisten haaten sech awer virgeholl fir komplett duerchzefueren, esou z.B. den Dany, den Markus, den Pol an meng Wéinegkeet. Den Profil deen hei ze gesin ass haelt uewen zu Sandweiler op, leider wor den Speicher vun der Polar dunn voll!
Héi geséit een wéi den Pascal Becker, senges Zeechens DEN Spezialist fir Autos- an Motorieder-Reportagen beim RTL, sech virsechteg mam Velosmaterial unfrennt. Daat ass och gudd esou, well hien waert den ganzen Daag soss neischt wéi Veloen gesin.

Hei eng Foto vum Autostross deen d'Velosfuerer begleet huet. Et sollt eigentlech eng Foto vum Velosgroup gin, mee esou schnell kruut ech den Fotosapparat net gezeckt. Am Resumé ass festzehaalen datt ech fir eng verschassen Foto och nach eng Ophueljuegd vun zwee Kilometer hun missten fueren, et gouff naemlech grad net getrenntelt.


Klicken fir d'Bild ze vergréisseren
Irgendwann war et dann och richteg hell - den Départ wor géint 5 Auer quasi nach am Stackdéischteren - Zeit fir eng Gruppenfoto um Enn vun enger Deeletapp.

Klicken fir d'Bild ze vergréisseren
Oft ass och emol eng ongeplangten Paus gemaat gin fir nom richtegen Wee ze kucken.

Klicken fir d'Bild ze vergréisseren
Hei nach eng Foto mat mir drop (éischten Velosfuerer).
Eng Landstroos an der Sonn als Reklam fir d'Kandidaten vun der Ausgab vum naechsten Joer. Fotoen wou et riicht eran geschifft huet erspueren ech Iech hei (déi aarmen Digi-Cam haett et souwisou net iwerliewt).

RTL stung baal an all zweeter Kéier ze filmen (et geséit een den Kameramann teschent den Beem stoen). No daer Deeletapp iwert Saarbrecken wou aus organisatoreschen an secherheetstechneschen Grenn en Transfer vun den Veloen iwert ca. 50km an den Camionnetten gemaat get, huet den Pascal Becker dann och gemengt: "Endlech geet et virun". ;-)

Nom Transfer hanner Saarbrecken wor dunn d'Mettegiessen ungesoot (jo, et gouff Nuddelen). Vill hun dervun profitéiert fir dono nach en klengen Temmchen ze haalen. Matt kaalen Been sin mer dun méi spéit weidergefuer, zum Gleck wor d'Sonn grad erem eraus.

Zou Réimech gouff et dunn nach eng kéier richteg dreckeg mam Reen, zum Gleck stungen mer do ennert der Breck ze waarden bis datt et eriwer wor. An engem déitlech méi gemaechlechen Tempo gung et dunn weider Richtung Stad, vun Réimech und dunn och matt Police-Escorte. Ei, waat huet daat Spaas gemaat fir matt Sirenen an bloen Luuchten bei Rout iwert d'Kreizungen an der Stad ze fueren. D'Arrivée wor dunn schlussendlech bei der Dexia-Bil (sorry, keng Biller: den Akku vun der Digi-Cam wor schon platt).

This page is powered by Blogger. Isn't yours?